Gudd a Form - Fir dat d‘Vakanz am Schnéi ee Succès gëtt !
Dir wëllt nach vun de puer leschte Wanterwoche profitéiere fir Iech op d’Pisten ze lancéieren? Hei e puer Tipps fir kennen sou vill wéi méiglech vun Ärer Wantervakanz ze profitéieren…
- Bereet äre Kierper op den Effort vir andeems der är Muskulatur an äre Gläichgewiichtssënn trainéiert, puer Wochen ier Der an d‘Vakanz fuert! An enger gudder Form an de Bierger unzekomme verhënnert Accidenter.
- Informéiert Iech! Loosst Iech vu Professioneller beroden, fir direkt déi richteg Reflexer ze hunn.
- Passt Är Liewenshygiène un d’Vakanz an de Bierger un, andeems der Iech genuch hydratéiert an och genuch iesst! Duerch d’Keelt, d’Héicht an d’Ustrengung verbraucht Der méi Kalorien!
- Wiermt iech op ! Ouni Iech opzewiermen, riskéiert der Iech ze verletzen (Dësen Tipp ass wouer fir all Sportaarten) an esou Är Vakanz an de Sand ze setzen.
- Loosst Äert Material iwwerpréiwen an d’Fixatioune regléiere fir beim Falen de Risiko vun enger Verstauchung um Knéi ze begrenzen.
- Dot een uerdentlechen, ugepassten Helm un an dat gëllt och fir är Kanner! Iwwer 50% vun de méi schlëmmen Accidenter am Wantersport si Blessuren um Kapp.
- Denkt och drun Schutzbrëller unzedoen an Är Haut mat Sonnecrème ze schützen.
- Gitt net iwwert Är Grenzen eraus! Middegkeet erhéicht de Risiko vu Blessuren. Et ass keen Zoufall dat déi mécht Schiaccidenter zum Schluss vum Dag geschéien.
- Vergiesst net Är Vitesse op der Piste dem Ëmfeld unzepassen an och déi aner ze respektéieren!
- Profitéiert ouni Moderatioun vun der gesonder a renger Loft an de Bierger!
Esou sidd der prett mat Ärer Famill Ären Openthalt an de Bierger ze genéissen. Schéi Vakanz!